SIW - Syndicat d'Initiative Wellenstein
25 Joar
Auszug aus der Ried vum Präsident Edmond Siebenaler
zum Vernissage vun der Ausstellung "25 Joar Syndicat d'Initiative Wellëschten""Enn 1977 huet e Grupp Wellëschter Leit sech zësummegedo mat deem feste Wëllen fir eppes fir d'Erhalen an d'Verschéineren vum Dorref ze maachen. Initiator war de Klénckesch Armand - säit kuerzem Schäffen an der Gemeen. D'Käpp ware voller Iddien an ët huet och nët laang gedauert bis déi éischt konnte realiséiert gin.
Deen éischte Comité hun d'Dorrefleit gewielt déi an d'Grënnungsversammlung vum 21. Dezember 1977 komm waren. Deen éischte Comité huet folgendermoossen ausgesin:
- Präsident: Armand Klincker
- Vize-Präsident: Pierre Feipel
- Sekretär: Edmond Siebenaler
- Keessier: Jean Hentzen Memberen: Lucien Gales, Mathias Gottung, Lil Hemmen-Hoffmann, Adolphe Klincker & Guy Leick
D'Haaptzil war d'Verschéinerung vum Dorref an d'Förderung vum Turismus mat allem wat derzou gehéiert. Mir hu probéiert déi al Bausubstanz ze erhalen, al Gebräicher weiderbestoen an neess nei opliewen ze loossen, Leit an d'Dorref unzezéien an dobäi Reklam fir de Wäin ze maachen.
Ob dës Ziler erreecht gi sin, doriwwer kann haut no 25 Joar jidderee selwer urteelen.
Direkt am Januar 1978 hu mir eng Reunioun mat alle Veräiner aus der Gemeen gemaach fir e Manifestatiounskalenner op d'Been ze stellen, deen wärend enger Rei vu Joaren erauskomm as.
Well mir och eppes fir d'Erhale vun éiser Sprooch wollte maachen, hu mir is verschiddentlech un d'Actioun Lëtzebuergesch gewand, wou de Lex Roth is dacks behëlleflech war.
Sou as am Abrëll 78 deen éischten 'Trëppeltuer' am Land agewich gin a Präsenz vum Turismusminister Josy Barthel. Bis deemols goufen ët nëmmen 'auto-pédestren'. De Josy Barthel huet zu Wellëschten nët ewéi üblech e Bam duerchgeseet, mee e Faass Rivaner opgeschlo a jiddereen krut e Patt ze drénken.
Vun 1979 un, hu mir d'Initiativ vu Sites et Monuments ënnerstëtzt an d'Wellëschter Leit encouragéiert fir d'Fassaden vun hiren Haiser ze renovéieren. Op déi Manéier konnt ee vun engem anständegen Subsid profitéieren.
D'Restauratioun vun den Arkaden aus dem 16. Joarhonnert hei an der Gässel as och ënnert der Leedung vu Sites et Monuments duerchgefouert gin.
Op Dränge vum Syndicat huet d'Gemeen d'Leën-Haus kat a mat der Ennerstëtzung vu Sites et Monuments, dem Intérieur, dem Turismusministär a vun der Gemeen sin d'Haus, de Keller an d'Scheier restauréiert gin. Dausende vu Stonnen hun d'Memberen aus dem Comité wärend Joare geschafft. Leider hu mir d'Stonnen nët notéiert an och nët genug Fotoen vun deenen Aarbechte gemaach. Et woar einfach keng Zäit dofir. De Klénckesch Armand, deen de Kommando bei disen an alle spéideren Aarbechten iwwerholl hat, huet ëmmer en Delai gesat: "Bis d'Ouschteren oder bis d'Kirmes muss dat an dat fäerdeg sin." Dat huet och ëmmer geklappt. Et hat ee jhust nach Zäit fir virun der Aweiung ze duschen a sech anescht unzedoen.
Knapp war d'Leën-Haus fäerdeg, as ët un d'Nopeschgebailechkeete gaang, sou dass no an no dee schéine Komplex hei entstaan as. Den S.I. huet d'Haiser an engem Bail emphytéotique gelount mat der Oplag fir se an d'Rei ze setzen, an der Rei ze halen an un Turisten ze verlounen.
Gläichzäiteg mat de Restaurationsaarbechten as och vun der Gemeen a vum Staat d'Dorrefplaz nei amenagéiert gin, déi mat zou deene bekannteste wäit a breet gehéiert.
1983 as Wellëschten als éischt Dorref fir seng aussergewéinlech a virbildlech Restaurationsaarbechten geéiert gin mat der Charta "Schéint Duerf" vum Kulturministär. Wärend 20 Joar, hu mir dausende Fläschen vu speziell ausgesichtem Auxerrois servéiert mat eegener Etikett an dem Symbol "Eist Duerf soll liewen".
Vun 1980 un, hu mir d'Leit motivéiert fir Bloumen op hir Fensteren, Balkonen an an hir Virgäertecher ze setzen. Dëst war eng ganz einfach Manéier fir éist Dorref ze verschéineren an huet vill Blécker vu baussen ugezun. Schon am Fréijoar 1979 hate mir eng Grouss Naturbotz ronderëm d'Dorref organiséiert.
Wellëschten huet beim Concours 'Villes et Villages Fleuris' eng etlech Kéieren zu de Laureate gezielt. 1986 huet eng Delegatioun vum S.I. Wellëschten a vum S.I. Diddeleng e 'Prix d'excellence' beim europäesche Bloumeconcours zu Mönichwald an Eisterréich fir hiert d'Dorref respektiv Stad an Empfang gehol.
Eng goud Manéier fir Liewen an d'Dorref ze brengen as d'Organisatioun vu verschiddene klengen a groussen Evenementer.
Eng vun isen Haaptaktivitéiten as d'Kirmes. Schon am Juli 1978 hu mir probéiert d'Wellëschter Kirmes nei opliewen ze loossen. Dat war direkt e schéine Succès deen is encouragéiert huet fir weider ze maachen bis an haut.
1979 hu mir déi éischt Duederendrëpp op de Moart bruet, 1980 den Duedereschwamp. Heibäi war de Lex Roth is behëlleflech, fir en Numm fir dat exklusivt Produkt ze fannen. Spéider huet nach den Duederelikör déi Gamm vu Lokal-Spezialitéiten erweidert. Ech brauch Eech sechernäischt méi iwwer d'Wellëschter Kirmes ze zielen - Dir kennt se all. Ech iwwerdreiwe nët wann ech behaapten ët wier eng vun deene bekanntesten am Land.
Vun deene vill méi klenge Aktivitéiten déi mir am Laf vun der Zäit op d'Bee gestallt hun, well ech der jhust e puer ervirhiewen:
Sou hu mir vun 1980 un 3 Hobbyausstellungen organiséiert wou sämtlech Kënschtler aus der Gemeen hier Wierker ausstelle konnten.
Am Cercle an der Stad an zu Wellëschten war 1983 gläichzäiteg eng Ausstellung iwwer 'siebenbürgische Kirchenburgen und Trachten'. Déi bedeitend rumänesch Künstlerin Juliana Fabritius Dancu huet wärend Méint am Leën-Haus gewunnt. Aus deër Zësummenaarbecht eraus, hu mir 1991 mat der Associatioun Lëtzebuerg-Siwwebierge e Fest mat rumänesche Spezialitéiten a Musek organiséiert, vun deem den Erléis a Rumänie gaang as.
1998 haten den Cercle Artistique vun Diddeléeng an den Art Vivant vun Déifferdéng e Moldag an der Gemeen. Dës Biller sin duerno am Leë-Sall ausgestallt gin.
Och gesellschaftlech hu mir de Leit esou munches gebueden: Verschidden Concerts- a Gesankowender hun op der Plaz stattfonnt, esou ënner anerem Léider an Texter aus aler Zäit" mam Réimecher Gesank.
1985 hate mir fir d'Enn vum Häerscht ze feieren eng "Gellecht am Leë-Keller" mat Fiederwäissen an Zwiwwelstaart. Gläichzäiteg huet de Fernand Thielen seng Aquarellen ausgestallt.
Mat Theater- a Kabaräsowender mam Josy Braun a Jemp Schuster hu mir de Leit flott a geselleg Stonne gebueden. Doderniewend stoungen eng Rei Konferenzen, Dias- & Liesowender um Programm. Den Heng Rinnen huet wärend etleche Woche Kueren iwwer d'lëtzebuergesch Schreifweis gin.
Fir d'Gesellegkeet am Duerf ze erhalen organiséiere mir säit Ufank vun den 80er Joaren eng Seniore-Feier fir déi eler Leit aus der Gemeen.
Ganz vill Veräiner, Gruppen, Syndicaten aus dem In- an Ausland sin am Laf vun de Joaren duerch Wellëschte getrëppelt, fir duerno am Leë-Keller bei engem goude Patt empfaang ze gin. Sou konnte vill Kontakter geknëppt gin.
Fir Erfarungen am Turismus auszetauschen hu mir 1985 e Jumelage mat Ardennes-Eifel gemaach, deen zou regelméissegen Reuniounen gefouert huet.
1986 ware mir frou derbäi ze sin, wéi de Minister Robert Krieps den 1. Europäische Kulturwee op der Plaz hei zu Wellëschten ënner grousse Feierlechkeeten agewich huet.
1986 hu mir kënnen de Grand-Duc Jean zu Wellëschten empfänken. Niewt deene grousse Projete ewéi Remembrement an d'Ausbauen vun der Kellerei, déi honnerte vu Millioune Frang kascht hun, huet hie sech och éis Aarbechten am Leën-Haus an an dëse Reimlechkeete ugekuckt. Mir hun is iwwert des Visite staark geéiert gefillt.
Mir haten awer och d'Eier déi héchste lëtzebuergesch kiirchlech Autoritéiten hei z'emfänken, esouwuel den Erzbeschof Msgr Hengen a säi Nofolger Msgr Franck. Bal sämtlech Ministeren hu sech an all deene Joaren offiziell oder inoffiziell bei der enger oder anerer Geleënheet hei zu Wellëschten afonnt.
[...]"


